Wahlprogramm (LU) – 100% engagéiert fir Schëtter

  1. Jugend – Soziales – Veräiner

Déi Jugendlech aktiv begleeden

Eis besonnesch Opmierksamkeet gehéiert der Jugend. Mir ënnerstëtzen Initiativen, déi zu enger sënnvoller Fräizäitgestalltung bäidroen, op organiséiert vun der Schoul, de lokale Jugendvereenegungen, deene verschiddene consultative Kommissiounen, de Kultur- a Sportveräiner oder vu Privatpersounen.

Den Ausbau vum Jugendhaus ass wichteg, vu dat d’Zuel vun de jugendlechen Awunner bestänneg zouhellt. Mir wëllen déi Jugendlech an hirem Erwuesseginn aktiv begleeden an ënnerstëtzen. Et läit eis um Häerz, de bestoende Programm vum Jugendhaus a vun de Jugendveräiner auszebauen. Dëst soll an Zesummenaarbecht mat dem Eltererot, deene Verantwortleche vum Jugendhaus an de Jugendveräiner gemaach ginn.

Mir wëllen eis besonnesch derfir asetzen, dass eis Jugendlech op d’Aarbechtswelt virbereet ginn, an daat mat fachmännescher Hëllef. Déi Käschten heifir soll d’Gemeng droen, well fir d’Zukunft vun eise Kanner kënnt nëmmen dat Bescht a Fro.

Konkret Hëllef fir d’Senioren

D’Gemeng ënnerstëtzt eis eeler Matbierger a ville Beräicher. Dës Moossnamen mussen awer stänneg ugepasst ginn. An dësem Sënn wëlle mir zu all Moment de Kontakt mat eise Matbierger oprechterhalten.

D’Aktivitéite vun de Seniorenorganisatiounen sinn nëmme méiglech duerch d’Hëllef an de groussen Asaz vu villen onbezuelte Benevollen.

Fir d’CSV Schëtter steet d’Altersbetreiung uewen op der Prioritéitelëscht, a mir setzen eis konsequent fir d’Betreiung vun de Senioren an.

D’Kommissioun vum Drëtten Alter leescht eng gutt Aarbecht a soll op jidder Fall weider ënnerstëtzt ginn.

D’CSV Schëtter setzt sech derfir an, dass d’Gemeng Member beim CIGR Syrdall gëtt, an ons Senioren iwwer 60 Joer déi Déngschtleeschtunge kënnen a Usproch huele fir hirt deeglecht Liewen ze erliichteren.

Eis eeler Matbierger hunn d’Recht, esou laang wéi méiglech an hirem gewinnten Ëmfeld ze liewen, dofir wëlle mir Projete fir „betreutes Wohnen“ ausschaffen an dës konsequent ëmsetzen.  En plus, wëlle mir eis och beim Ausbau vum „Demenzbereich“ a beim Restaurant vum „CIPA Gréngewald“ bedeelegen, an och zousätzlech Zëmmere fir eis Bierger ufroen, fir dass mir eisen eelere Leit dat beschtméiglecht Liewen erméiglechen.

Integratioun als Grondlag vum Zesummeliewen

Fir een erfollegräicht Zesummeliewe vun alle Bierger ass d’Integratioun vun eisen auslänneschen an neie Matbierger ganz wichteg. Fir dat ze erreechen, wëlle mir d’Offer u Sproochecourse weider ausbauen. Da wëlle mer och eng nei Form vu Sproochecoursen ausschaffen an ubidden, dëst wou  zwou verschidde Sproochen a Kulturen openeen treffen, an ee vum aneren léiert.

Mir wëllen alle Bierger d’Nopeschfest méi nobréngen, am Hibléck op e gesond Zesummeliewe vun alle Kulturen a fir den Austausch an der Noperschaft ze ënnerstëtzen.

D’Veräiner brauchen eis Ënnerstëtzung

Déi villfälteg a verschidde Veräiner spriechen all Altersgruppen un mat dem, wat sie fir eis all organiséieren. Hier pedagogesch Leeschtung ass net ze ersetzen a verdingt eis voll Ënnerstëtzung. Offeren am Intressi vun den Awunner sinn ze ënnerstëtze genau esou wéi Fräizäitaktivitéiten an Animatioun an eisen Dierfer. Déi gutt Aarbecht zwëschen de Veräiner bei der „Fête de la musique“ an elo bei der Virbereedung vum „Chrëschtmaart“ gëtt vun eis ënnerstëtzt an dréit zou engem gudde Versteesdemech zwëschen de Veräiner bei.

  1. Kultur – Sport

E neit Gesiicht fir d’Kierchplaz

Mir sëtzen eis fir e Weiderféiere vun der „Kommissioun“ fir d’Neigestaltung vun der Kierchplaz ronderëm d’Gemeng an. Fir dass dës Plaz méi attraktiv fir eis Matbierger a fir d’Zesummeliewe gëtt.

De Sport fuerderen

Sportinfrastrukturen hunn zënter Joren hier Plaz am Budget. Sämtlech Sportaarte musse selwecht ënnerstëtzt ginn. En plus, musse Konzepter fir Spadséier- a Vëlosweeër ausgeschafft an ëmgesat ginn. Zesummeleeën a Flécke vun dëse Weeër ass wichteg, genau esou wéi adequat Plaze fir d’Vëloe bei den ëffentleche Gebaier ofzestellen. D’ CSV Schëtter wäert sech staark maachen fir e Baitrett an de Gemengesyndikat „Syrdall Schwämm“, fir sou och de Schoulkanner de Wee an d‘Piscine ze verkierzen an hinnen mei Zäit, fir d‘Léieren vun dëser kierperlech wichteger Sportaart, ze bidden.

  1. Duerfentwécklung

Mir brauchen en neie PAG

D’Gemeng Schëtter, als Nopeschgemeng vun der Haaptstad, steet ënner engem héijen Drock bei der Nofro vu Bauterrain. Eng optimal Bebauung ass net gläichzestelle mat Verloscht vun Individualitéit a Liewensqualitéit. Déi urbanistesch Entwécklung soll als But d’Wuelfillen am eegenen Heem hunn. Dee neie Bebauungsplang PAG muss endlech fäerdeggestallt ginn. An engem neie Lotissement muss eng Mindestzuel vu bezuelbare Bauplazen offréiert ginn, fir dass eng sozial Diversitéit entsteet.

D’Bautereglement muss iwwerschafft an deenen neien Entwécklungen ugepasst ginn. D’Bierger solle méi präzis informéiert ginn iwwert hier Bauméiglechkeeten an d’Ufroe solleséier verschafft ginn.

En plus, sëtze mir eis fir bezuelbare Wunnengsbau an, a mir dreiwen och d’Baue vun neiem Wunnraum duerch Gemeng weider aus, esou dass all Familljen sech een Dag iwwert dem Kapp kënne leeschte mat engem bezuelbare Loyer.

Bei grousse Projete wéi de SNHBM oder de Fonds de Logement, sëtzt sech d’CSV dofir fir eng Mischbauweis an, durch déi den individuelle Charakter vun eiser Gemeng erhale bleift, an dat och bei bezuelbare Präisser. Mir wëlle keng Kasäresiedlungen.

Gréisser Bauprojeten sollen net an der selwechter Gemengerotssëtzung gestëmmt ginn. Virun der definitiver Ofstëmmung soll jidder eenzele Conseiller sech op der Plaz e Bild vum Projet maache kënnen.

Verkéierskonzept soll Sécherheet a Liewensqualitéit ofsécheren.

Zënter ëmmer ass d’Syrdall Deel vun engem Grüngürtel ronderëm d’Stad Lëtzebuerg. Mir mierken awer dass sech dësen ëmmer méi staark an e Verkéiersaarm  entwéckelt. Dem mussen déi nei Gemengepäpp sech mat allen Mëttelen entgéint sëtzen, soss mussen d’Awunner vun der Gemeng Schëtter sech mat groussen Aschnëtter an hirer Liewensqualitéit offannen. Bei neie Stroossebeleeg soll drop opgepasst ginn, dass déi esou vill wéi méiglech de Kaméidi absorbéieren. Dat soll och bei Nationalstroossen de Fall sinn.

D’Ausschaffen an d’Ëmsetze vu sënnvolle Verkéierskonzepter ass wichteg fir eng Verkéiersberouegung a fir méi Sécherheet.

Ronderëm d’Schoul zu Mënsbech sollen nei Konzepter gepréift ginn, fir dass d’Kanner an hier Eltere op d’laang Siicht sécher sinn.

D’Amenagement vun engem direkte Wander- a Vëloswee vun der Gare bis an d’Industriezon soll deene Leit, déi do schaffen, de Wee erliichteren an de Gebrauch vun der doucer Mobilitéit fërderen.

D’CSV Schëtter sëtzt sech fir een attraktiven a funktiounsfäegen ëffentlechen Transport an, a wëll alles dofir maachen, fir dass d’Gare Mënsbech regelméisseg, wéi bis elo, ugefuer gëtt.

Zum Schutz vun den Awunner vu Mënsbech, Iwwersyren a vun de Leit, déi an der Industriezon schaffen, soll un der Autobunnsbréck iwwert d’Syrdall eng kënschtlech Lärmschutzwand gebaut ginn. Mir wëllen eng aktuell Etüde iwwert de Kaméidi an der Gemeng duerchféieren an alles dergéint ënnerhuelen, wat eis méiglech ass.

  1. Ëmwelt – Energie

Natierlech Liewensgrondlagen erhalen

Mir sinn eis der Noutwendegkeet vum Ëmwelt- an Naturschutz bewosst. Et muss alles gemaach ginn fir déi natierlech Liewensgrondlagen ofzesécheren. D’Gemeng Schëtter muss hier Beméiungen als „Klimabündnis-Gemeng“ konsequent weiderféieren.

Fir eng nohalteg Waasser- an Ofwaasserpolitik

D’Gemengen sinn derzou opgeruff, fir eng nohalteg Waasserhaushalts- an Waasserwirtschaftspolitik ze maachen. Eis Quelle musse geschützt ginn, an nëmmen esou kënne mir Drénkwaasserversuergung sécherstellen. D’CSV Schëtter sëtzt sech derfir an, dass eis Quellen geschützt a gefleegt ginn, an awer och fir potentiell nei Quellen ze erschléissen.

An Zesummenaarbecht mam Gemengesyndikat SIAS wëlle mir den Ausbau vun der Kläranlag zu Übersyren virundreiwen.

Sensibiliséierung fir méi Recycling

D’Gemengen sinn zoustänneg fir d’Entsuergung vum Dreck, Offallvermeidung an Offall weider ze verwäerten. D’Haushaltsoffäll musse gréisstendeels dem Recycling zougefouert ginn.

Mir sëtzen eis dofir an, dass d’Bierger regelméisseg iwwert Offaltrennung a Recyclingméiglechkeeten informéiert a sensibiliséiert ginn, esou wéi dat och schon an der Grondschoul de Fall ass.

De Recyclingszenter soll phaseweis weider an Zesummenaarbecht mat dem Syndikat SIAS ausgebaut an nohalteg genotzt ginn.

Virbild fir eng douce Mobilitéit

D’Gemengeverwaltung soll als Virbild fir d’Awunner agéieren an se derzou encouragéieren, fir op douce Mobilitéit ëmzeklammen.

D’CSV Schëtter wëll Thema douce Mobilitéit regelméisseg mat Aktiounen a Campagnen weiderbréngen.

  1. Gemengeverwaltung

D’Bierger brauchen eng adequat Informatioun

Modern Techniken erméiglechen eng séier a regelméisseg Informatioun, dës soll nach méi staark genotzt ginn an d’Entwécklung vun enger Gemengen-App, wéi schon am Jugendkommunalplang gefuerdert, muss ageleet ginn. Dës kéint mat dem Facebookaccount vun der Gemeng gekoppelt ginn, fir dass och déi Leit, déi kee Facebookaccount hunn, d’Neiegkeete kréien. Och de Kalenner an all aner wichteg Informatioune kéinten esou séier a mobil fir Matbierger verfügbar sinn. Trotzdeem wëlle mer, dass och all eenzele Bierger déi Ënnerstëtzung kritt déi e brauch, an dofir muss eng Ulafstell bei der Gemeng si, wou jiddereen sech op der Plaz informéiere kann.

D’CSV Schëtter wëll sech och fir e Biergerdag asetzen, wou jidder Matbierger d’Geleeënheet kritt, fir mat dem Buergermeeschter oder engem Schëffen offiziell ze schwätzen. Dat soll emol am Mount stattfannen.

D’CSV Schëtter setzt sech fir e Kannergemengerot an, fir dass och schon d’Kanner hier eegen Interesse kënne vertrieden a sech esou mat der Kommunalpolitik kënnen ausernee sëtzen.

Mir wëlle mat deene Verantwortleche vun de Spillnomëtteger préiwen, fir déi nei ze organiséieren a wéi z.B. e „Mini-Lënster“ opbauen an d’Kanner spilleresch op d’Aarbechtswelt an d’Politik virbereeden.

Interkommunal an interregional zesummeschaffen

Besonnesch kleng Gemenge sinn op d’Zesummenaarbecht mat anere Gemengen ugewisen, vir un allem dann, wann si bei der Bewältegung vun hiren Aufgaben un hier Grenze stoussen.  A villen Eenzelberäicher mat Regionalcharakter, wéi Wirtschaftsplanung, Verkéier, Ëmwelt, Kultur, Sport, Museksunterrecht, Course fir Erwuessenebildung geet ët net ouni gemeinschaftlech Organisatioun. Mir ënnerstëtzen all Forme vun Zesummenaarbecht zwëschen de Gemengen, déi zu engem Méi u Wunn- a Liewensqualitéit féieren.

An dësem Zesummenhang sëtze mir eis fir e gemeinsame Pompjeescenter vun de Pompjeeën Niederanven-Schëtter an. Dat fir déi gutt Zesummenaarbecht ze stäerken a weider dreiwe ze kënnen. Eng gemeinsam Plaz kéint zu engem effizienten Oflaf no dem Alarm féieren an d’Ausbildung vun de Pompjeeë méi einfach maachen.

En plus kéint een dat eidelt Gebai fir Veräiner oder als Garage fir Gemengen-Autoen notzen.

  1. Finanzen

Rationell a kontrolléiert Planung

D’CSV Schëtter setzt sech fir eng rationell a kontrolléiert Finanzpolitik an, fir dass mir eng Neiverschëldung kënnen evitéieren a Reserven fir Zukunft maache kënnen.

De Budget vun der Gemeng soll mat vill Verständnis opgebaut ginn. D’Geld soll vernënfteg a gezielt agesat ginn, esou dass d’Bierger kënnen dovu profitéieren an esou hier Liewensqualitéit erhéijen.

Industriezone mat Entwécklungspotenzial

D’Industriezon ass de Portmonnie vun der Gemeng. Ouni si kéinte mir déi Liewensqualitéit, déi mir an eiser Gemeng hunn, net bezuelen. Dofir sëtze mir eis an, dass sech d’Industriezon an engem moderate Sënn entwéckele kann.

En plus, wëlle mir e Grënnungszënter schafen. Dës Ariichtung soll jonken Entrepreneuren, déi gutt Iddien hunn, ënner d’Ärem gräifen.  Sou soll sie engersäits deene jonken Entrepreneure bei den administrative Gäng zur Säit stoen an hinnen d’Risikoen erklären, anerersäits kuerz- a mëttelfristeg déi néideg Infrastrukture fir erfollegräich Entreprise ze grënnen zur Verfügung stellen. Mat esou enger Starthëllef kënne mir deene Jonken eng Perspektiv an hirer Selbstverwierklechung fir hier Geschäftsiddie bidden.

Mir soen elo scho villmools Merci fir äert Vertrauen.

D’Kandidatinnen an d’Kandidaten vun der CSV –Lëscht Schëtter – Lëscht 3